top of page

Entdeckt eis Missioun

Zesummen fir eng besser Zukunft

WÉI SIDD MIR?

Amigos de Mano a Mano Bolivia-Luxembourg asbl ass eng gemeinnützeg Organisatioun, déi 2019 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Eis Haaptzil ass d’Entwécklung vu Bildung a Gesondheetsversuergung a Bolivien.

 

Mir hëllefen bei der Finanzéierung an Entwécklung vun:

  • Schoulen

  • Klengen Noperschaftskliniken

  • Hir Verbindung zum bestehende Stroossennetz

MANO A MANO BOLIVIA (MMB)

Et huet alles am Joer 1985 ugefaang, wéi e puer jonk Dokteren, déi grad hir Examina gemaach haten, d'Initiativ geholl hunn, fir gratis medezinesch Betreiung um Rand vun der Stad Cochabamba ze organiséieren.

 

1996 gouf Mano a Mano Bolivien (MMB) als net-staatlech Organisatioun (NGO) gegrënnt.

Ab 1999 goufen déi éischt Noperschafskliniken an vergiessenen an ganz wäit ewech Dierfer gebaut an ab 2003 goufen déi éischt Schoulen gebaut an ageweit.​

 

MMB huet schonn e beandrockend Programm ëmgesat:

  • de Bau vun 190 Noperschaftskliniken, 71 Schoulen a 64 Verbindungsstroossen

  • d'Verdeelung a Loun vun méi wéi 100.000 medizinesche Geräter

  • d'Ënnerstëtzung vun méi wéi 90 Jugendlechen aus ländlechen Gebidder bei der Weiderféierung vun hirem Studium, dank dem Soñar (Träumen) Projet

bottom of page